KOMPETENT WITZEG. A Moskito Podcast

KOMPETENT WITZEG. A Moskito Podcast

Episod 4 mam Thierry Wagner

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Och de Veräinssport an d'Sportler sinn Affer vun der aktueller Situatioun. De Sport zu Lëtzebuerg ass zwar nach net sou staark opgestallt wéi am Ausland, trotzdeem ginn et genuch Leit déi finanziell dovunner ofhängeg sinn an zum Beispill vu Veräiner oder Federatiounen agestallt sinn.

Nieft dësen ginn et awer och vill éierenamtlech Mataarbechter, sou wéi den Thierry Wagner, Vizepresident vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun (FLH). Hien erkläert ënnert anerem wéi wichteg de Benevolat a Sponsoren och grad an dësen Zäite sinn.

Donieft schwätzt de Ben awer och mam Thierry iwwert de Marketing am Sport an nei Weeër déi een hei am Land soll goen an deelweis och scho geet - Stéchwuert #handballassméi.


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

Moskito presentéiert den éischten Agence-Podcast zu Lëtzebuerg.
KOMPETENT WITZEG gëtt en éierlechen Abléck an d'Banneliewen an d'Aarbecht vun enger Kommunikatiouns- a Marketingboîte, d'Agencenzeen zu Lëtzebuerg an et komme reegelméisseg Partner a Clienten zu Wuert a schwätzen iwwert hier Vue zur Kommunikatioun an hier Aarbecht.
Wat sinn d'Challengen? Wéi changéiert de Marché an d'Kommunikatiounsmëttel? Schwätzt een iwwer Kreativitéit oder geet et duer et ze sinn? Wéi wäit dierf ee goen?
Froen iwwer Froen iwwer Froen op déi mir Äntwerte ginn.

Produzéiert gëtt KOMPETENT WITZEG vun der Inhouse brand gotcha!

Hutt dir Froen oder wëllt um Lafende bleiwen da mellt iech per Mail op podcast@moskito.lu oder followed eis op Instagram a Facebook - @moskitolux

by Moskito

Subscribe

Follow us